Dës Säit befaasst sech mam Joer 2006.
D'Joer 2006 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
Europa
22. Januar : Den Aníbal Cavaco Silva gëtt zum President vu Portugal gewielt.
28. Januar : Bei Katowice a Polen brécht den Daach vun enger Ausstellungshal zesummen, 65 Mënsche bleiwe leien.
29. Januar : D'Tarja Halonen gëtt a Finnland als Presidentin erëmgewielt.
0 4. Abrëll : 1 - 3 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich géint de CPE , e Gesetz, dat et soll erliichteren, Leit ënner 26 Joer anzestellen - mä och erëm z'entloossen.
19. Abrëll : Den italieeneschen Ieweschte Geriichtshaff erkläert dem Romano Prodi seng Wal-Alliance L'Unione zum Gewënner vun de Parlamentswalen, déi den 9. an 10.4. ofgehale goufen, a ganz knapps ausgaange waren.
23. Abrëll : D'sozialistesch-liberal Koalitiounsparteien ënner dem Premier Ferenc Gyurcsány ginn an Ungarn vun de Wieler am Amt confirméiert.
10. Mee : Den Giorgio Napolitano gëtt zum President vun der Republik Italie gewielt.
21. Mee : D'Majoritéit vun de Wieler am Montenegro stëmmt an engem Referendum fir en Opléise vun der Federatioun mat Serbien.
25. Mee : De Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker gëtt fir seng Verdéngschter ëm Europa mam Karlspräis ausgezeechent.
2./ 3. Juni : Parlamentswalen an der Tschechescher Republik .
0 3. Juni: Montenegro deklaréiert sech onofhängeg.
17. Juni : Parlamentswalen an der Slowakei .
29. Juni : Déi hollännesch Regierung Balkenende II. demissionéiert.
0 3. Juli : Zu Valencia a Spuenien entgleist e Metro tëscht 2 Statiounen; op d'mannst 41 Leit kommen ëm d'Liewen.
0 7. Juli : De polnesche Ministerpresident Kazimierz Marcinkiewicz demissionéiert. A seng Plaz kënnt de Jaroslaw Kaczynski , den Zwillingsbrudder vum Staatspresident Lech Kaczynski .
17. September : Bei de Parlamentswalen a Schweden gewënnt déi oppositionell Mëtt-Riets-Allianz mam Fredrik Reinfeldt un der Spëtzt mat enger knapser Majoritéit.Zuchaccident zu Zoufftgen
17. September: Zu Budapest ginn Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, nodeem bekannt gouf, datt de Premier Gyurcsány gesot hat, hien hätt d'Leit "moies, mëttes an owes" belunn, fir erëmgewielt ze ginn.
0 1. Oktober : Bei de Parlamentswalen an Éisträich kritt d'Regierungspartei vum Wolfgang Schüssel (ÖVP ) 34,2 % vun de Stëmmen (-13 Sëtz), d'oppositionell SPÖ 35,7 % (-1 Sëtz), déi domat stäerkst Partei ass.
11. Oktober : Bei engem Zuchaccident zu Zoufftgen tëscht engem CFL -Zuch an engem franséische Gidderzuch komme 6 Leit ëm d'Liewen, 16 ginn der blesséiert.
29. Oktober : A Bulgarien gëtt de Staatspresident Georgi Parwanow erëmgewielt.
Afrika
Amerika
USA
Mëttel- a Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Noen Osten an Arabesch Welt
Ekonomie
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Film
Wëssenschaft an Technik
Sport
Gebuer
Gestuerwen
0 0 0 ?: Henri Heyart , lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
0 1. Januar : Susan Bergman , US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
0 2. Januar : Arlette Gruss , franséisch Zirkusdirektesch.
0 2. Januar: François Terrasson , franséischen Auteur an Naturalist.
0 9. Januar : Jean Bourdelle , franséische Journalist, Schrëftsteller an Ekologist.
12. Januar : Nic May , lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
14. Januar : Shelley Winters , US-amerikanesch Schauspillerin.
19. Januar : Anthony Franciosa , US-amerikanesche Schauspiller.
19. Januar: Wilson Pickett , US-amerikanesche Soulkomponist a -sänger.
25. Januar : Luc Bonblet , lëtzebuergesche Politiker.
27. Januar : Johannes Rau , däitsche Politiker a Bundespresident.
0 3. Februar : Marquard Bohm , däitsche Schauspiller.
0 3. Februar: Walerian Borowczyk , polnesche Filmregisseur.
0 6. Februar : Georges Lycan , franséische Schauspiller.
14. Februar : Darry Cowl , franséische Schauspiller.
19. Februar : Guy Theisen , lëtzebuergesche Museker.
26. Februar : Ferdinand Gilson , franséischen Zaldot.
0 5. Mäerz : Milan Babić , serbesche Politiker.
0 8. Mäerz : Carlo Hommel , lëtzebuergeschen Organist.
10. Mäerz : Jim Hoffstetter , lëtzebuergesche Foussballspiller a Sportsjournalist.
11. Mäerz : Slobodan Milosevic , jugoslawesch-serbesche Politiker.
14. Mäerz : Lennart Meri , estesche Schrëftsteller, Filmregisseur a Politiker.
18. Mäerz : Channing Pollock , US-amerikanesche Schauspiller an Zauberkënschtler.
20. Mäerz : Nicolas Birtz , lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
25. Mäerz : Richard Fleischer , US-amerikanesche Filmregisseur.
25. Mäerz: Tom Toelle , däitsche Filmregisseur.
16. Abrëll : Schnuckenack Reinhardt , däitschen Jazz-Geiist.
22. Abrëll : Alida Valli , italieenesch Schauspillerin.
23. Abrëll : Boris Fraenkel , polnesch-franséische politeschen Denker.
24. Abrëll : Erik Bergman , finnesche Komponist.
29. Abrëll : John Kenneth Galbraith , US-amerikaneschen Ekonomist.
30. Abrëll : Jean-François Revel , franséische Philosoph, Schrëftsteller a Journalist.
10. Mee : Val Guest , englesche Filmproduzent a -regisseur.
17. Mee : Eugène Heinen , lëtzebuergesche Pedagog, Theaterregisseur a Schauspiller.
21. Mee : Roger Linster , lëtzebuergesche Pedagog, Politiker an Diplomat.
24. Mee : Claude Piéplu , franséische Schauspiller.
30. Mee : Shōhei Imamura , japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
0 9. Juni : Drafi Deutscher , däitsche Sänger, Komponist a Museksproduzent.
12. Juni : György Ligeti , ungaresch-éisträichesche Komponist.
14. Juni : Jean Roba , belsche Comic-Zeechner (Boule et Bill ).
15. Juni : Raymond Devos , belsche Sprooch-Komiker.
30. Juni : Robert Gernhardt , däitsche Schrëftsteller, Dichter, Zeechner a Satiriker.
0 7. Juli : Rudi Carrell , hollänneschen Entertainer.
0 8. Juli : June Allyson , US-amerikanesch Schauspillerin.
14. Juli : Senne Rouffaer , belsche Schauspiller a Regisseur.
20. Juli : Gérard Oury , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
23. Juli : Franz Josef Gottlieb , éisträichesche Filmregisseur.
25. Juli : Karin Hübner , däitsch Schauspillerin.
29. Juli : Pierre Vidal-Naquet , franséischen Historiker.
30. Juli : Mylène Bergami , lëtzebuergesch Molerin.
0 3. August : Elisabeth Schwarzkopf , däitsch-brittesch Operen- a Lied sängerin.
0 9. August : James Van Allen , US-amerikaneschen Astrophysiker a Raumfaartpionéier.
16. August : Alfredo Stroessner , fréiere Staatspresident vu Paraguay.
25. August : Jean-Pierre Hoffmann , lëtzebuergesche Foussballspiller.
30. August : Glenn Ford , kanadesche Schauspiller.
30. August: Naguib Mahfouz , egyptesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
31. August : Edy Hein , lëtzebuergesche Vëlossportler.
10. September : Taufa'ahau Tupou IV. , Kinnek vun Tonga.
15. September : Oriana Fallaci , italieenesch Journalistin a Schrëftstellerin.
19. September : Pierre Bergem , lëtzebuergeschen Offizéier a Kënschtler.
20. September : Sven Nykvist , schweedesche Kameramann.
0 1. Oktober : André Viger , kanadesche Rennrollstullfuerer.
0 4. Oktober : Norbert Franck , lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
11. Oktober : Alexandre Marius Dées de Sterio , lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser.
12. Oktober : Angelika Machinek , däitsch Seegelfligerpilotin.
16. Oktober : Trebisonda Valla , italieenesch Liichtathleetin.
17. Oktober : Daniel Emilfork , franséische Schauspiller.
23. Oktober : Todd Skinner , US-amerikanesche Freeclimber .
28. Oktober : Tina Aumont , US-amerikanesch Schauspillerin.
31. Oktober : Pieter Willem Botha , südafrikanesche Politiker, President vun 1984 bis 1989.
0 3. November : Nicolas Leyder , lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
0 5. November : Bülent Ecevit , tierkesche Politiker, Premierminister tëscht 1974 an 2002.
0 7. November : Jean-Jacques Servan-Schreiber , franséische Journalist a Politiker.
10. November : Jack Palance , ukrainesch-US-amerikanesche Schauspiller.
11. November : Anicée Alvina , franséisch-iranesch Schauspillerin.
15. November : Ana Carolina Reston Macan , brasilianesche Mannequin.
16. November : Milton Friedman , US-amerikaneschen Ekonomist an Nobelpräisdréier.
17. November : Ferenc Puskás , ungaresche Foussballspiller an -trainer.
18. November : Joachim Höppner , däitsche Schauspiller, Regisseur a Synchronspriecher.
19. November : Jeremy Slate , US-amerikanesche Schauspiller.
20. November : Robert Altman , amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
23. November : Alexander Walterowitsch Litwinenko , Läitnant-Colonel am russesche Geheimdéngscht.
23. November: Philippe Noiret , franséische Schauspiller.
28. November : Roger Bertemes , lëtzebuergesche Moler.
0 1. Dezember : Ali Khan Samsudin , malaysesche "Schlaangemënsch".
0 1. Dezember: Claude Jade , franséisch Schauspillerin.
0 3. Dezember : Georgette Beljon , lëtzebuergesch Sculptrice, Molerin, Philologin a Philosophin.
10. Dezember : Augusto Pinochet , chileenesche Generol an Diktator.
11. Dezember : Elisabeth Müller , Schwäizer Schauspillerin.
13. Dezember : Loyola de Palacio , spuenesch Politikerin.
18. Dezember : Joseph Barbera , US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
21. Dezember : Saparmurad Nijasow , President vun Turkmenistan (Turkmenbashi ).
25. Dezember : James Brown , US-amerikanesche Sänger.
26. Dezember : Gerald R. Ford , US-amerikanesche Politiker (38. President vun de Vereenegte Staaten)
26. Dezember: Guy Delorme , franséische Cascadeur a Schauspiller.
27. Dezember : Mathias Berns , lëtzebuergeschen Agronom a Politiker.
30. Dezember : Saddam Hussein , irakesche Politiker a President (exekutéiert ).
Um Spaweck
Referenzen
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Mäerz 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg de 27. Mee 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 3. Juni 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ukrain den 8. Juni 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei de 16. August 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 2. September 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland de 6. September 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Slowenien-Lëtzebuerg de 7. Oktober 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 11. Oktober 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Togo de 15. November 2006 op der Websäit vun European Football.info