Bloen Eck
De Bloen Eck ass e Lieu-dit an e Café-Restaurant zu Steeën an der Ärenzdallgemeng, laanscht d'Nationalstrooss 14, op der Kräizung mam CR347 tëscht Miedernach an Dikrech. D'Plaz krut hiren Numm wéinst der bloer Fassad vum Café-Restaurant deen ëm 1900 an engem Gebai op der Plaz ageriicht gouf. Um Lieu-dit gouf 2014 de Foussballsterrain mam Numm Bloen Eck ageweit.[1] GeographieDe Bloen Eck läit op enger Héicht vun 320 Meter. E puer honnert Meter südwestlech dervun huet d'Tirelbaach hir Quell. GeschichtËm 1900 huet eng Famill Blau dat fréiert Haus Burg op där Plaz kaaft fir do e Café anzeriichten. Bis Ugangs der 1980er[Wéini ?] ass den CR347 lénks laanscht der Entrée vum Gebai verlaf. D'Gebai louch deemno am Eck tëscht der Nationalstrooss 14 an dem CR347. Spéider gouf aus dem Café e Restaurant, duerno eng Diskothéik a méi rezent nees e Café-Restaurant-Pizzeria.[2]
Literatur
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen an Notten
|