Centre hospitalier de Luxembourg
De Centre hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg:
Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur[2] zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun 2.348 (2019)[2] Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten[3]. 2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten. Generaldirekter vum CHL ass zanter … de Romain Nati[5]; hie gëtt am Mäerz 2024, wann hien an d'Pensioun geet, vun der Dr Martine Goergen ersat[6]. Um Site vum CHL gëtt et zwielef national medezinesch Departementer:
Am CHL stinn och eng Rei national medezinesch Ekipementer, wéi de PET-Scan, d'extrakorporal Stousswellelithotripsie an de Laboratoire fir In vitro-Befruchtung. Den CHL assuréiert eng permanent Garde fir d'Kannerklinick grad wéi fir all national Servicer. GeschichtDen CHL gouf mam Gesetz vum 10. Dezember 1975 gegrënnt[1]. En huet 1976 seng Dieren opgemaach, no der Zesummeféierung vum neigebauten Hôpital municipal mat der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Clinique pédiatrique. 2004 ass nach d'Clinique d'Eich derbäikomm[2]. Hôpital municipalNieft villen Zerwisser vun der Allgemengmedezin, der Chirurgie an der Psychiatrie gëtt et am Hôpital municipal och nach aner national Departementer wéi dee vun der Neurochirurgie, vun der Onkologie-Hematologie, den Infektiouns- an Tropekrankheeten an der Immuno-Allergologie[2]. Maternité Grande-Duchesse Charlotte Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Maternité Grande-Duchesse Charlotte. D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gëtt et zënter 1936[2]. KannerklinickD'Clinique pédiatrique oder Kannerklinick funktionéiert zënter 1966[2]. Clinique d'EichD'Eecher Klinick ass den 1. Januar 2004 mam CHL fusionéiert[7]. Nei GebaierAm November 2021 hunn Ofrappaarbechte vum fréiere Gebai vun der Maternité op der Areler Strooss, dat zanter 2015 eidel stoung, ugefaangen. Op déi Plaz kënnt en neit Gebai vum Centre hospitalier; de Grondsteen dofir ass den 22. Februar 2024 geluecht ginn[8]. Dat neit Gebai, dat Enn 2028 operationell soll sinn(Stand: Februar 2024) kritt 476 Better an 18 Operatiounsbléck. De Käschtepunkt gëtt op 821 Milliounen Euro geschat[8][9]. Och d'Aktivitéite vun der Eecher Klinick ginn am neien CHL zentraliséiert.[10] Et ass och en neit Gebai fir d'Kannerklinick geplangt, wou awer nach net genee gewosst ass, wou et hikomme soll (Stand: Oktober 2023)[9]. Referenzen
|