Emile Moutrier
Den Emile Moutrier, gebuer den 29. Juni 1880 zu Mamer, a gestuerwen de 4. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Veterinär.[1] Hien huet zu Zürich Déieremedezin studéiert. Nodeems hien de 6. Mee 1907 säi leschten Exame gepackt hat, huet hie sech nach am selwechte Joer zu Gréiwemaacher als Veterinär etabléiert.[1] Den 9. Juli 1915 ass hie provisoresch fir dräi Joer Staatsveterinär fir de Kanton Gréiwemaacher ginn; seng definitiv Ernennung krut hien de 5. Juli 1918.[2] Vun 1921 bis 1945 war hien och nach inspecteur de viandes am Maacher Schluechthaus.[1] Wéi am Februar 1920 am Bësch tëscht Bierg (Gemeng Betzder) a Buchholz (Gemeng Fluessweiler) e Wollef erluecht ginn ass, huet den Emile Moutrier d'Déier ënnersicht a souguer eng Autopsie gemaach a sengersäits konfirméiert, datt et sech wierklech ëm e Wollef an net ëm e Wollefshond gehandelt huet.[2] D'Obermosel-Zeitung huet de 7. Oktober 1946 e klengen Noruff op den Emile Moutrier publizéiert an u seng Zäit zu Gréiwemaacher erënnert.[3] Literatur
Referenzen |