Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg)
De Garer Quartier, oder kuerz d'Gare, ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Zentrum vun der Haaptstad. Den Numm huet e vun der Stater Gare, déi do läit. D'Al an d'Nei Avenue verbannen e mat der Uewerstad vun der Stad. GeographieDe Quartier ass 105,25 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 250,3 an 295,6 m. E grenzt am Norden un d'Uewerstad an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartiere Gronn, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech an Hollerech. Am Nordwesten an Norde mécht d'Péitruss d'Grenz mat den Nopeschquartieren. AwunnerEnn 2015 hunn am Garer Quartier 9.930 Leit gewunnt, dovu 15,78 % Lëtzebuerger a 84,22 % Auslänner. Op den 31. Dezember 2022 waren et 11.895 Leit. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 16,44 % géintiwwer 83,56 % Auslänner. Déi am meescht representéiert Nationalitéit sinn d'Fransousen; d'Lëtzebuerger kommen eréischt op der zweeter Positioun. Et ass och den eenzege Stater Quartier wou d'Lëtzebuerger Bevëlkerung net op der éischter Plaz ass[1].
Galerie
Literatur
Kuckt ochUm Spaweck
Referenzen
|