Gemeng Keel
D'Gemeng Keel (fir d'Awunner Käl) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Keel vun där se och hiren Numm huet. Uertschaften an der GemengGeographieD'Gemeng Keel ass am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Keeldall, wat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. Obwuel Rëmeleng (Grenzmaark FL-91 op 49° 26′ 53,7″) déi südlechst Uertschaft ass, läit de südlechste Punkt vum Lëtzebuerger Land an der Gemeng Keel, um Bann vun der Sektioun Téiteng, op der Maark FL-96 (49° 26' 52")[1]. Koordinate vum südlechste Punkt: 49° 26’ 52.0’’ N 6° 02’ 29.8’’ O Duerch den Dall leeft vu Süden no Norden d'Keelbaach. De Keeldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge Bierger, déi den nërdlechen Deel vun der Cuesta vum Dogger duerstellen. Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen. Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer a bis an d'lescht Joerhonnert, wat dem Land säi Räichtum bruecht huet. Nopeschuertschaften
WopenD'Gemeng Keel huet hire Wopen duerch een Arrêté grand-ducal vum 30. Mee 1975 kritt (Memorial B vun 1975, Säit 534). D'heraldesch Beschreiwung am Originaltext ass: D'Gemeng Keel krut de Wopen zwar schonn eng Kéier 1972 zougesprach, awer well do Gesetzer sech iwwerschnidden haten, an eent dat anert ausser Kraaft gesat hat, ass dat net als rechtskräfteg ugesi ginn, soudatt d'Prozedur 1975 nach eng Kéier gemaach gouf. BevëlkerungsentwécklungAm Joer 1869, an deem d'Eisenindustrie gegrënnt an a Schwong koum, war Keel déi zweetgréisst Gemeng am Minett: Esch-Uelzecht 2869 Awunner, Keel 2864, Déifferdeng 2238, Diddeleng 1678 a Péiteng 1101 Awunner. 1951 war d'Gemeng Keel déi sechstgréisste Gemeng vum Land. D'Gemengenawunnerzuel war deemools 5750 Séilen, wouvun 3250 Awunner an der Uertschaft Keel waren. Entwécklung vun der AwunnerzuelQuell:STATEC GemengerotDe Gemengerot vu Keel gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen. Als Folleg vun de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 huet de Schäfferot ufanks, wéi och virdrun, op enger LSAP-déi-Gréng-Koalitioun baséiert.[2] Nom Austrëtt vun engem Gemengerotsmember aus der LSAP koum et uganks 2022 zu enger neier Koalitioun vun CSV an DP, déi dësen ënnerstëtzt.[3] Zesummesetzung
Quell: Inneministère / RTL.lu; * Koalitiounswiessel wärend dem Mandat.[3] Buergermeeschteren Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Keel. Interkommunal SyndikaterD'Gemeng Keel ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater: Kuckeswäertes an der GemengLiteratur
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
|