Gemeng Stadbriedemes
D'Gemeng Stadbriedemes ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stadbriedemes vun där se och hiren Numm huet. Uertschaften an der GemengZu der Gemeng Stadbriedemes gehéiert och nach de Bicherhaff. GeographieStadbriedemes läit op der Musel, vis-à-vis vum däitsche Palzem. GeschichtWéi d'Musel kanaliséiert gouf, hunn Aarbechter, do wou haut d'Staustuf steet, Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck fonnt. Analysen hunn erginn, datt déi Bréck méi al wéi Tréier ass. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument Réimerbréck zu Stadbriedemes. Sou goungen d'Réimer bei Stadbriedemes iwwer eng Fuert aus Gestengs, op déi aner Säit vun der Musel, wann de Floss niddreg war. Bei héijem Waasser hu si Pontone benotzt. Fir déi viru Feinden ze beschützen hate si, op der Plaz vum spéidere Schlass, e befestegten Tuerm opgeriicht. Am 8. Joerhonnert huet de Pippin de Jonken den Haff Réimech, zu deem och Stadbriedemes gehéiert huet, der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Méi spéit goung den Haff un d'Abtei vu Prüm. 1602 gëtt fir d'éischt an Dokumenter den Numm "Stadtbredimus" ernimmt, virdru war et ëmmer "Bredeniss" oder "Bredimus". De Johann von Wiltz war den Här vu Stadbriedemes. No sengem Doud gouf säi Grondbesëtz an zwee gläich Deeler opgedeelt. Ee vun hinnen huet de Freiherr von Braubach kaaft, vun deem aneren Deel gëtt et weider keng Informatioun. 1670 koum Stadbriedemes an de Besëtz vun der Famill Meternich-Burscheid. Ursprong vum NummDen Numm Stadtbredimus kënnt vum Keltesche "Bre - den - Es", dat sou vill wéi "iwwer dem Waasser héije Buedem" heescht a "Stad" wat de selwechte Sënn wéi "Uwänner" (vun der Musel, an dësem Fall) huet. Entwécklung vun der AwunnerzuelQuell:STATEC Wopen
PolitikDe Gemengerot vun der Gemeng Stadbriedemes gëtt nom Majorzsystem gewielt. Buergermeeschteren
Interkommunal SyndikaterD'Gemeng Stadbriedemes ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater: Kuckeswäertes
Biller
Kuckt och
Um Spaweck
|