Indoeuropäesch Sproochen
Mat méi wéi dräi Milliarde Sproochler vu ronn 400 Sproochen, sinn d'indoeuropäesch Sproochen, oder d'indogermanesch Sproochen déi gréisst Sproochefamill op der Welt no der Zuel vu Mammen- an L2-Sproochler, an déi fënneftgréisst Famill no der Zuel vu Sproochen an Dialekter[1]. No der europäescher Expansioun zanter dem 15. Joerhonnert gi s'op alle Kontinente geschwat[2]. D'indoeuropäesch Sprooche gehéieren zu der hypotetescher nostratescher Makrofamill[3]. Déi exakt Urheemecht vun den Indoeuropäer (Indogermanen) a vun hirer indoeuropäescher Ursprooch ass nach onbekannt, eng vun de warscheinlechen Urheemechte vun der Sproochefamill kann déi archeologesch Jamna-Kultur am Territoire vun der moderner Ukrain a vum moderne Südwest- a Südrussland ginn[4]. D'germanesch Sproochen, ënner anerem Lëtzebuergesch gehéieren och zu der indoeuropäescher Famill. Klassifikatioun
Um Spaweck
Referenzen
|