Kristrún Frostadóttir
D'Kristrún Mjöll Frostadóttir [ˈkʰrɪstruːn ˈfrɔstaˌtoʊhtɪr], gebuer den 12. Mee 1988 zu Reykjavík, ass eng islännesch Ekonomistin a Politikerin (Allianz). Si ass zanter dem 21. Dezember 2024 Premierministesch vun hirem Land. Si ass zanter 2021 Member vum islännesche Parlament Althing fir d'Allianz an zanter 2022 hir Parteipresidentin. 3 Joer ier se Deputéiert gouf war si Chefekonomistin vun enger Bank. D'Kristrún Frostadóttir huet e Master an der Ekonomie vun der Boston University an a Global Affairs vun der Yale University. Bei der virgezunner Parlamentswal vum 30. November 2024 gouf d'Allianz déi stäerkst Partei. An enger Koalitioun mat zwou anere méi klenge Parteie gouf d'Kristrún[1] als Ministerpresidentin benannt an den 21. Dezember 2024 vereedegt.[2] Um Spaweck
Referenzen an Notten
|