Lëtzebuergesch Auswanderung D'Lëtzebuergesch Auswanderung ass e wichtegt, vill kommentéiert Kapitel vun der lëtzebuergescher Geschicht. Wann an der Zäit vill Lëtzebuerger an d'Ausland ausgewandert sinn, fir an der Friemt en neit Heem ze fannen, dann hat dat eng Rei Ursaachen, déi sech mat der Zäit geännert hunn.
De Joseph Hess huet bei der lëtzebuergescher Auswanderung tëscht véier Wellen ënnerscheet:[Source?]
Aner Forme vun neizäitlecher Expatriatioun sinn zanterhier derbäikomm:
- d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger Kënschtler an Intellektueller, déi do besser Méiglechkeeten hu fir hiren Aktivitéiten nozegoen;
- d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger, déi do Bauterrain fannen, dee se sech zu Lëtzebuerg net leeschte kënnen.
Auswanderung a Siwebiergen
D'Auswanderung an Transsylvanien am 12. Joerhonnert war breet gefächert, wat d'Hierkonft vun den Emigranten ugeet. Et ass nogewise ginn, datt vill Emigrante virdrun am Muselraum doheem waren. Si si matgerass ginn an hu sech enger Beweegung, déi vun iwwerall koum, einfach ugeschloss. De Verglach vun de Flouernimm confirméiert d'Originne vun Emigranten aus eisem Raum. Dat selwecht gëllt och fir d'Dialekter déi an Transsylvanie geschwat ginn, besonnesch a Siwebiergen, an déi sech duerch d'Joerhonnerte gutt erhalen hunn an dem Lëtzebuergesche staark gläichen. Déi, déi d'Geleeënheet hate mat Siwebierger op Lëtzebuergesch ze schwätzen, confirméieren dat: d'Verstännegung ass weiderhin onerwaart gutt.[1]
Auswanderung no Ungarn
D'Auswanderung vu Lëtzebuerger an Ungarn ass an zwou Wellen erfollegt:
- Eng éischt Well geet bis op 1720 zeréck, wéi de Generol Claude Florimond de Mercy, deen aus Loutrenge koum a Gouverneur vum Banat war, versicht huet vun den Tierken dee Landstreech zeréckzegewannen. Dat war de Grond, firwat hie versicht huet, déi Géigend mat Awunner aus Loutrengen a Lëtzebuerg ze besidelen. D'Tierken hunn him 1738-39 e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, wéi si dëse Versuch vun Neibesidelung am Blutt erstéckt hunn.
- An enger zweeter Well, no 1748, gouf dunn de Versuch, fir Friemer aus Loutrengen a Lëtzebuerg an de Banat kommen ze loossen, erëm opgeholl. De Joseph Hess schwätzt vu 1.600 Lëtzebuerger Familljen, déi, ugelackelt vun aussergewéinleche Konditiounen, bis 1770 d'Land verlooss hu fir am ënneschten Deel vun Ungarn eng nei Heemecht ze sichen.
Auswanderung no Nordamerika
Ënner Lëtzebuerger Nordamerikaner versteet een d'Amerikaner, déi zwar d'amerikanesch Nationalitéit hunn, mä vu lëtzebuergescher Ofstamung sinn.
Geschicht
Am 19. Joerhonnert ware ronn 50.000 Lëtzebuerger an d'Vereenegt Staate vun Amerika ausgewandert. Haut gëtt et, opgrond vun enger Vollekszielung déi op d'Joer 2000 zeréckgeet, 45.139 amerikanesch Bierger déi uginn hunn, si hätte lëtzebuergesch Originne vun zwou oder vun enger Säit hier. Déi meescht liewen am Mëttelweste vun de Vereenegte Staate vun Amerika. Zueleméisseg gesäit dat an de Bundesstaate mat vill Lëtzebuerger Amerikaner follgendermoossen aus: 6.963 am Illinois, 6.580 am Wisconsin, 5.867 am Minnesota, 5.624 am Iowa an 2.824 a Kalifornien.
Prominent Lëtzebuerger Nordamerikaner
Numm
|
Gebuer
|
Gestuerwen
|
Infoen
|
Baasen, FrançoisFrançois Baasen
|
1826
|
1849
|
Éischte Staatsekretär am Minnesota
|
Bartholome, Peter WilliamPeter William Bartholome
|
1893
|
1982
|
fréiere Bëschof vu St. Cloud am Minnesota
|
Bausch, JamesJames Bausch
|
1906
|
1974
|
Liichtathleet, Goldmedailegewënner op den Olympesche Spiller 1932
|
Nicolas-Édouard Becker
|
1842
|
1920
|
Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Member vun der Wisconsin State Assembly
|
Birren, Joseph P.Joseph P. Birren
|
1864
|
1933
|
Landschaftsmoler
|
Cigrand, Bernard J.Bernard J. Cigrand
|
1866
|
1932
|
Zänndokter a Papp vum sougenannte Flag-Day
|
Deutsch, Marie-JoséMarie-José Deutsch
|
1951
|
|
Physikerin
|
Dolibois, John ErnestJohn Ernest Dolibois
|
1918
|
2014
|
President vun der Miami-Universitéit a fréieren amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg
|
Jean Ellis
|
1946
|
2006
|
Dokter a Biergsteiger
|
Evert, ChrisChris Evert
|
1954
|
|
Tennisspillerin
|
Faber, RedRed Faber
|
1888
|
1976
|
Baseballspiller
|
Fausto Gardini
|
1950
|
|
Historiker, Schrëftsteller
|
Gernsback, HugoHugo Gernsback
|
1884
|
1967
|
Erfinder an Auteur vu Science-Fiction-Schrëften
|
Gonner, NicolasNicolas Gonner
|
1835
|
1892
|
Historiker, Schrëftsteller, Editeur an Ingenieur
|
John Grün
|
1868
|
1912
|
Kraaftmënsch, bekannt als Herkul Grün
|
Havoc, JuneJune Havoc
|
1913
|
2010
|
Schauspillerin a Dänzerin
|
Hastert, DennisDennis Hastert
|
1942
|
|
Republikanesch Partei, fréiere Spriecher vum United States House of Representatives Congress
|
Hinger, VictorineVictorine Hinger
|
1965
|
|
Molerin a Sculptrice
|
Emil Gustav Hirsch
|
1852
|
1923
|
Rabbiner vun der Reformbeweegung an den USA
|
Husting, Paul O.Paul O. Husting
|
1866
|
1917
|
Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Member vum Senat fir de Wisconsin
|
Pierre J. Huss
|
1903
|
1966
|
Journalist, Auteur, Krichsreporter
|
Kneip, Richard F.Richard F. Kneip
|
1933
|
1987
|
Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Gouverneur vum South Dakota
|
Kroll, William J.William J. Kroll
|
1889
|
1973
|
Ingenieur an Erfinder
|
Lauterbur, PaulPaul Lauterbur
|
1929
|
2007
|
Cheemiker, mam Nobelpräis fir Medezin ausgezeechent
|
May, John LawrenceJohn Lawrence May
|
1922
|
1994
|
fréieren Äerzbëschof vu St. Louis
|
Maria Catherine Moes
|
1828
|
1899
|
Nonn a Grënnerin vun der Mayo Clinic
|
Muller, NicholasNicholas Muller
|
1836
|
1917
|
fréiere Member vum amerikanesche Kongress
|
Noerdinger, JeanJean Noerdinger
|
1895
|
1963
|
Moler
|
Prost, Henry N.Henry N. Prost
|
1915
|
1994
|
fréiere Bëschof vu Chicago
|
Saler, NicolasNicolas Saler
|
1848
|
1884
|
huet un der Lady Franklin Bay Expedition (1881-1884) deelgeholl.
|
Schwebach, JamesJames Schwebach
|
1847
|
1921
|
fréiere Bëschof vun der Diözees vu La Crosse
|
Speltz, George HenryGeorge Henry Speltz
|
1912
|
2004
|
fréiere Bëschof vu St. Cloud am Minnesota
|
Steichen, EdwardEdward Steichen
|
1879
|
1973
|
Fotograf, Moler
|
Steichen, FélicienFélicien Steichen
|
1926
|
2011
|
Dokter, Chirurg
|
Treinen, Sylvester WilliamSylvester William Treinen
|
1917
|
1996
|
fréiere Bëschof vu Boise
|
Robert Weimerskirch
|
1923
|
2015
|
Moler a Sculpteur
|
Woll, MatthewMatthew Woll
|
1880
|
1956
|
Gewerkschaftler, fréiere Vizepresident vun der AFL-CIO
|
Young, LorettaLoretta Young
|
1913
|
2000
|
Schauspillerin als Best Actress mam Academy Award ausgezeechent
|
Auswanderung a Südamerika
|
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Geschicht
Prominent Lëtzebuerger Südamerikaner
Infiltratioun vu Lëtzebuerger a Frankräich
Am Géigesaz zur Auswanderung vu Lëtzebuerger a Siwebiergen, an Ungarn an an Amerika handelt et sech hei net ëm e kollektive Phenomeen, mä ëm individuell Entscheedunge vu Persounen. déi aus perséinleche Grënn an d'Friemd gaange sinn, net fir liewenslaang, mä fir nëmmen eng bestëmmt Zäit do ze bleiwen.
Dat war de Fall bei deenen, déi am leschte Joerhonnert a Frankräich oder an d'Belsch fortgezu sinn, well se z. B. gemengt hunn, an der "douce France" kënnt ee besser liewen, méi séier Geld verdéngen, fir dann op Lëtzebuerg zeréckzekomme wann d'Ëmstänn et erlabe sollten. Dat war och de Fall bei de jonke Meedercher déi a Frankräich an den Déngscht gaange sinn, net nëmme fir Suen ze verdéngen, ier se sech bestuet hunn, mä och fir do eppes bäizeléieren.
Dorënner falen och d'Handwierker. Bis zum Éischte Weltkrich war et nämlech bei hinnen Usus, fir sech am Ausland ze perfektionéieren. D'Wanderjore bei den Zammerleit, ier se sech fest etabléiert hunn, war een typeschen, awer keen eenzele Fall. An deem Zesummenhang schreift de Joseph Hess: "Jusque vers 1900 il était rare qu'un artisan quelconque s'établit dans un de nos villages sans avoir fait son tour de France. Le Faubourg Saint-Antoine regorgeait de menuisiers et ébénistes luxembourgeois, pour le plus grand bien de nos intérieurs luxembourgeois,..."
Lëtzebuerger Intellektueller a Kënschtler am Ausland
Schléisslech sollten d'Wëssenschaftler an d'Artisten ernimmt ginn, déi sech am Ausland néierloossen oder no hire Studien do bleiwen, aus der Iwwerzeegung, d'Land wier ze kleng, fir hinnen an hirer Spezialisatioun genuch Méiglechkeeten ze ginn. Vill vun hinnen hu reusséiert a souguer fäerdeg bruecht, international bekannt oder Universitéitsprofesser ze ginn; eng Chance, déi se zu Lëtzebuerg net gehat hätten. Hei e puer Beispiller:
Neizäitlech Expatriatioun wéinst Immobiliespekulatioun
Literatur
|
Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
|
- Am Zesummenhang mat Transylvanien
- Huss, Richard: Der Name der Siebenbürger Sachsen, Annuaire de la Soc. lux. d'études linguistiques et diallectologiques, Luxembourg, 1926
- Huss, Richard: Die geschichtliche Entwicklung der Urheimatforschung in Siebenbürgen und ihre Ausblicke,Jongheemecht, 3. Joergang, Heft 6, 7 an 8
- Am Zesummenhang mat Banat
- Sprunck, Alphonse: Prêtres luxembourgeois au Banat, Jongheemecht, Oktober 1935
- Sprunck, Alphonse: Un épisode de l'émigration lux. au Banat de Temesvar,Jongheemecht, Joergang 10, Heft 10
- Am Zesummenhang mat Amerika ënner anerem
- Calteux, Georges, 2010. Unser Baum in Amerika. récré 25: 149-154.
- Gonner, Nicholas: Luxemburger in der Neuen Welt. Dubuque, Iowa: Drock vun der 'Luxemburger Gazette', 1889, xix-489 S. [S. 327-458: biographesch Motizen iwwer eminent lëtzebuergesch Emigranten no Amerika; dëst fundamentalt Wierk ass vum Jean ENSCH, Carlo Hury a Jean-Claude Muller an de Joren 1985-1987 nei opgeluecht gi an enger englescher Versioun ënner dem Titel: Luxembourgers in the New World nei verëffentlecht ginn, Éditions-Reliures Schortgen, 1986-1987.
- Krieps, Roger: Luxemburger in Amerika. Lux.: Bourg-Bourger, 1964, 320 S.
- MAGOCSI, Paul Robert: Luxembourgers, an: Harvard Encyclopedia of American Ethnic Groups. Cambridge & London: Harvard University Press, 1980, p. 687- 689, 1 carte.
- Muller, Jean-Claude: Luxembourg Local Histories dealing with emigration to the U.S. - Études d'histoire locale luxembourgeoise concernant l'émigration aux États-Unis, an: De Familiefuerscher. Luxembourg. 7 (1991)-26, S. 35-37
- Ensch, Jean: Index zur 'Luxemburger Gazette, an: GONNER: Die Luxemburger in der Neuen Welt. Neiausgab... Band 2, 1986 p.*1* - *682*.
- Freund, Hans Egon: Emigration Records from the German Eifel Region 1834-19 with major emphasis on those emigrants whose final destinations were Illinois, Wisconsin and Michigan. Crystal Lake, Illinois: McHenry County Illinois Genealogical Society, 1991, 84 S.
- Muller, Jean-Claude: Les Luxembourgeois au Nouveau Monde, an: Voilà Luxembourg. 2 (1992) -4, S. 140-153, ill. [Den Artikel besteet a franséischer, däitscher, englescher a spuenescher Versioun].
- Nolden, Reiner (éd.): Alphabetischer Personennamenindex zu Josef MERGEN: Die Amerika-Auswanderung aus dem Regierungsbezirk Trier - Landkreis Trier, Saarburg, Prüm, Bernkastel, Bitburg, Wittlich,Stadtkreis Trier, Daun, Trier: Stadtarchiv, 1995, 411 S.
- Muller, Jean-Claude & NOLDEN, Reiner: Die Amerika-Auswanderung aus Deutschland an der 'Luxemburger Gazette' (1871-1918). an: Landeskundliche Vierteljahresblätter. Trier 42 (1996)-1, S. 29-49.
- Sprunck, Alphonse: Die luxemburgische Auswanderung nach den Vereinigten Staaten um die Mitte des vorigen Jahrhunderts, an: Luxemburger Marienkalender, Luxembourg. 67 (1948), S. 50-54
- Am Zesummenhang mat de Lëtzebuerger ronderëm d'Welt
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Dës Thees ass haut widderluecht: Et sinn deemools just e puer Dausend Leit aus dem ganzen deemolegen Däitsche Räich a Siwebiergen "ausgewandert", dorënner der vläicht e puer vum Territoire vum haitege Lëtzebuerg. Well et deemools keng Nationalstaaten am moderne Sënn gouf, ass de Begrëff "lëtzebuergesch Auswanderung" staark iwwerstrapazéiert. Dat selwecht bezitt sech op dat nächst Kapitel (Ungarn).
|