Prënzbistum Léck
D'Prënzbistum Léck war ursprénglech e Bistum, iwwer dat de Bëschof Notger 980 vum Keeser Otto II. vum Hellege Réimeche Räich och déi weltlech Herrschaftsrechter krut. De "weltlechen" Territoire war awer net deckungsgläich mam kierchlechen (kuckt weider ënnen). Dëst Prënzbistum huet eng gewëssen Imunitéit genoss a stoung ënner dem Schutz vum Keeser. Et war de facto en halleft onofhängegt Land, dat bis zu der Lécker Revolutioun, 1789-1793, bestanen huet. Vum 16. Joerhonnert u bis zu sengem Enn war d'Prënzbistum Léck Deel vum Nidderrhäin-Westfälesche Krees. Duerno gouf et nees en 'normaalt' Bistum. Bistum vs. PrënzbistumD'Fürstentum (Principautéit) selwer war ëmmer nëmmen een Deel vum Bistum. An anere Wierder: de Bëschof war iwwerall Bëschof a sengem Bistum, mä "Prënzbëschof" war hien nëmmen a senger Principautéit. Baaschtnech z. B. war am Bistum Léck, awer am Herzogtum Lëtzebuerg. Dat selwecht gëllt fir La Roche, Saint-Hubert, Houffalize, Sankt Väit... Bouillon, dat an engem eegenen Herzogtum louch, war och Deel vum Bistum Léck, mä eeben net vum Prënzbistum.[1] Literatur
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
|