Schwéidsbeng
Schwéidsbeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Schengen. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Welleschten gehéiert, déi du mat de Gemenge Biermereng a Schenge fusionéiert huet. GeographieD'Uertschaft Schwéidsbeng läit am Museldall. Südlech vu Schwéidsbeng läit Wëntreng, nërdlech dovu Bech-Maacher a Welleschten. D'Haaptstrooss déi duerch d'Uertschaft geet ass den CR152 deen do Wäistrooss (route du Vin) heescht. Parallel zum CR152 an der Musel leeft d'N10. Den CR152F mécht d'Verbindung vum CR152 mat der N10. GeschichtAls Wäinuertschaft Psuesingen gëtt d'Duerf schonn am Joer 893 an Dokumenter vun der Abtei Prüm ernimmt, déi hei gréisser Wéngerten hat[1]. Bis an d'19. Joerhonnert war Schwéidsbeng eng bekannt Pilgeruertschaft. Haaptsächlech Gleeweger aus dem Honsréck an aus der Äifel sinn zu Fouss op Schwéidsbeng gepilgert fir de Péitrus an de Fiakrius géint Kappwéi an Epilepsie unzeruffen[1]. Fester a Kuckeswäertes
Biller
Kuckt och
Literatur
Um Spaweck
Referenzen an Notten |