Three Shake-a-leg Steps to Heaven
Three Shake-a-leg Steps to Heaven ass e lëtzebuergesch-belsch-däitsche Spillfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 1993. Ëm wat geet et am Film?En drëttklassegen Elvis-Imitateur an e russeschen Danz-Enseignant retten e Banquier virun der Mafia, vun där en ëmbruecht sollt ginn. Si doe sech zesumme mat engem Callgirl, dat sech gutt an Astrologie auskennt... SossDen Eddie Constantine spillt hei seng lescht Roll. Hien ass kuerz duerno gestuerwen. De Film gouf am Ganze vu 5.104 Leit am Kino gesinn.[1] En hat e Budget vu 40 Millioune Lëtzebuerger Frang[2] a krut 1990 e Produktiounssubside vum neie Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 9.778.000 Lëtzebuerger Frang.[3] 1993 koum nach e Subside als "Aide à la distribution et à la diffusion" vun enger Millioun dobäi.[4] Donieft krut Samsa Film 1992 och nach en europäesche Produktiounssubside vun Eurimages an enger Héicht vun 800.000 franséische Frang.[5] De Film gouf den 28. Februar 1998 op der lëtzebuergescher Televisioun gewisen.[6] Wat sot d'Press?Saarbrücker Zeitung:[7]
France Clarinval, paperjam.lu, 2015:[2]
Kuckt ochUm SpaweckReferenzen
|