Autobunn A7 (Lëtzebuerg)
D'Autobunn A7 oder A7, och Nordstrooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn an de Kantone Lëtzebuerg, Miersch an Dikrech. GeschichtPläng, eng Autobunn vun der Stad Lëtzebuerg an den Norde vum Land ze bauen, gouf et schonn zanter den 1980er Joren, mä jorelaang gouf diskutéiert, op den Uschloss un déi aner Autobunnen am Osten oder am Weste vun der Stad, deemno un d'A1 beim Kierchbierg oder un d'A6 tëscht Stroossen a Capellen geschéie sollt. De 27. Juli 1997 huet d'Chamber den Tracé vum Sennengerbierg op Miersch, deemno d'Ostvariant, definitiv guttgeheescht[1]. E Budget vu ronn 367 Milliounen Euro war virgesi fir den Deel vun der Stad bis op Miersch, wouvun 21 Mio fir Kompensatiounsmoossname reservéiert waren[2]. Déi eenzel EtappenD'Nordstrooss ass an Etappe gebaut a fir de Verkéier op gaangen. Nodeem bis 2012 ongeféier 16,7 km realiséiert waren, ass se zanter dem 23. September 2015 op der ganzer Längt (31,5 km) fir de Verkéier op. D'Nordstrooss geet vum Uschloss Gréngewald mat der A1 a Richtung Norden. D'Stéck tëscht dem Uschloss mat der A1 an dem Waldhaff (N11), dat knapps 1,4 km laang ass, gouf 2002 dem Verkéier fräiginn. Dat 8,35 km laangt Stéck Waldhaff-Luerenzweiler war dat komplizéiertst Deelstéck, mat den Tunnelle Grouft (2 966 m, vum Uelzechtdall erop op de Plateau) a Stafelter (1 850 m) mat dertëscht enger 2 775 m laanger Streck um Heeschdrëfer Bierg. Et war dat lescht Stéck, dat fäerdeg gouf. Dat Stéck tëscht Luerenzweiler (Sortie 2) a Schieren (Sortie 7), vun enger Längt vun zirka 15 km, goung de 24. Januar 2008 op. Bei Schieren geet d'A7 an d'Schnellstrooss B7 iwwer, déi hirersäits erëm um Fridhaff Uschloss un d'N7 huet, an da weider bis op d'Wemperhaart virugeet. Nodeems d'Aarbechte um Tronçon Waldhaff-Luerenzweiler fäerdeg waren, gouf den 13. September 2015 eng „Porte Ouverte“ am Tunnel Grouft organiséiert, ier dunn den 23. September 2015 déi ganz Nordstrooss fir de Verkéier opgoung. D'Europastrooss E421 leeft vum Uschloss Waldhaff un a Richtung Norden iwwer d'Nordstrooss. D'A7 (Lëtzebuerg - Schieren) ass 24,8 km laang a mat der B7 (Schieren - Ierpeldeng) kommen nach 6,7 km derbäi, wat en Total vun 31,5 km fir d'Nordstrooss ausmécht. TunnellenDen Tracé vun der A7 geet duerch déi längst Stroossentunnelle vu Lëtzebuerg:
KäschtenD'Käschte fir de Bau belafe sech op ronn 654 Milliounen Euro (Stand Januar 2011)[3],[4] Um Spaweck
Referenzen
|