Wéinst Sens-uniquen zu Ettelbréck an zu Dikrech leeft de Verkéier op der N7 nëmmen an eng Richtung:
zu Ettelbréck a Richtung Schmëdd (an der Géigerichtung iwwert d'N7A) an
zu Dikrech a Richtung Lëtzebuerg; a Richtung Éislek gëtt de Verkéier vun der Stäreplaz un iwwert d'N14 (Rue du Pont) an d'N14 geleet fir bei der Kierch erëm nees op d'N17 ze stoussen.
Vun der Dikrecher Kierch u verléisst se de Sauerdall, fir duerch de Bamerdall op d'Kopp beim Fridhaff ze kommen. Vun do aus féiert se dann als Héichtestrooss laanscht Houschent, duerch Housen, Hengescht a Wäiswampech bis op déi belsch Grenz op der Schmëdd, wou se Uschloss un déi belsch Nationalstrooss N68 huet.
Entwécklung vun der N7
D'Strooss ass 1843 als „Dikrecher Strooss“ bezeechent ginn an ass vun der Stad iwwert Kruuchten op Dikrech gelaf. Se huet déi belschGrande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Dikrech gefouert huet;
Bis an d'1940er Joren ass d'N7 vu Miersch aus iwwer Miesdref a Kruuchten a Richtung Ettelbréck gelaf, se leeft awer zanterhier iwwer de Rouscht (déi fréier N26);
D'Streck tëscht Dikrech an der belscher Grenz vun der haiteger N7 war bis 1958 déi fréier N16. Zu Ettelbréck - an deem Deel wou d'N7 haut a Sens unique leeft - huet d'N7B den Accès bei d'Gare assuréiert;
Zanter den 1960er Jore goufen eng Rëtsch Upassungen un der N7 gemaach fir de Verkéier méi flësseg ze maachen. Sou gouf d'Streck méi riicht gemaach andeems Kéiere ugepasst goufen, et goufen nërdlech vun Dikrech Deeler gebaut wou et méi einfach ass z'iwwerhuelen asw. Do derbäi kënnt, datt tëscht der Stad an Dikrech d'A7 an d'B7 (Nordstrooss) gebaut goufen, fir d'N7 z'entlaaschten;
An den 1960er ass d'Streck tëscht Ettelbréck an Angelduerf nei amenagéiert ginn an d'Barriär koum ewech;
D'Traversée duerch Ettelbréck gouf an den 1980er Joren ugepasst an eng Rei Kéieren tëscht Fëschbech an Hengescht, tëscht Hengescht a Wäiswampech grad ewéi tëscht Housen a Maarnech goufen ëmgebaut fir d'Streck méi riicht ze maachen;
2001 ass d'Ënnerféierung um Rouscht opgaangen an d'Kräizung mam CR306 ass ewech gefall;
2008 ass an d'Kéier an der Kléck – um haitege Verdeeler fir op d'Autobunn – ëmgebaut ginn;
Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau sinn an der Gemeng Colmer-Bierg 182 m vum fréieren Tronçon vun der N7 als Gemengeplaz deklasséiert ginn[2].
Fir d'Uertschaft Housen vum Transitverkéier ze entlaaschten, ass bis Enn 2023 e Contournement geplangt, dee westlech laanscht d'Uertschaft verleeft. A Richtung Norde gekuckt, féiert en ënnert dem CR324 erduerch a leeft dann duerch e 470-Meter laangen Tunnel ënnert dem Flouer Beirescht erduerch, fir op der Héicht vum CR342 deen a Richtung Rouderssen fortgeet, nees un d'N7 ugeschloss ze ginn[3],[4].
Uganks 2021 gouf eng adaptéiert Versioun vum 4,4 km laange Contournement virgestallt deen aus 2 2 Bunne besteet an duerch en Tunnel vun 320 m leeft. Et ginn am Ganze 6 Brécke gebaut, ë. a. fir de landwirtschaftleche Verkéier. Am Kader vum Bau vun der Umgeeungsstrooss gëtt och d'Kräizung mam CR324 verluecht. De Budget fir déi nei Strooss läit bei 154,35 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollen 2022 ugoen a véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[7]. Ufanks 2025 ass d'Tranchée fir den Tunnel fäerdeg an et gouf ugefaangen d'Verschalunge vun den Tunnelsréier ze setzen.
Queesch Verbindung vu Klierf
D'Nationalstrooss 90 (Transversale de Clervaux) ass eng Strooss, déi nërdlech vu Maarnech vun der N7 aus fort geet an eng queesch Verbindung no Weste bis op d'N18nërdlech vu Klierf mécht. En éischt Stéck ass zanter dem 10. Juni 2022 op, de westlechen Deel ass nach am Bau(Situatioun: Abrëll 2023).
Ëmbau vun der N7
2022 sollt ugefaange ginn, fir d'Strooss tëscht dem Fridhaff an der Houschter Déckt ëmzebauen, fir se méi sécher ze maachen. Sou bleift déi aktuell Dräibunn bestoen an et ass virgesinn, datt et ofwiesselend eng Spuer an déi eng an zwou an déi aner gëtt. D'Kräizungen um selwechten Niveau kommen ewech a ginn duerch Brécken ersat. Do derbäi gëtt parallel och tëscht Houschent an der Houschter Déckt eng Vëlospist gebaut. De Budget fir d'Aarbechte läit bei 246,71 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollten 2022 ugoen an am éischten Deel véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[8].
Rouscht
Am Abrëll 2023 huet de Mobilitéitsminister François Bausch confirméiert, datt um Rouscht op enger Streck vu ronn 2 Kilometer „sou séier wéi méiglech“ dräi Rond-pointe solle gebaut gi fir de Verkéier op där Streck méi sécher ze maachen[9].