Léck
Léck ass eng Groussstad am Oste vun der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Léck, déi hiren Numm dréit. Déi ganz Lécker Agglomeratioun huet ongeféier 600.000 Awunner. Si ass déi gréisst Stad vu Wallounien an hanner Bréissel an Antwerpen déi drëttgréisst Stad vun der Belsch. Vu Lëtzebuerg aus brauch een 2 Stonnen an 30 Minutte fir Léck mam Zuch z'erreechen (167 km mam Auto). Kulturell gesinn, ass Léck, mat senge Muséeën, prächtege Gebaier, Universitéit an aneren Héichschoulen (17 000 Studenten) eng ganz wichteg Stad. Och wirtschaftspolitesch gesinn; vill grouss an international Entreprisen hunn do hire Sëtz. Fréier Gemengen a QuartierenFréier GemengenD'Stad Léck ëmfaasst déi fréier Gemengen Angleur, Bressoux, Chênée, Glain, Grivegnée, Jupille, Léck, Rocourt, Wandre an och, ënner anerem, den Uertschaftsdeel Sclessin vun der fréierer Gemeng Ougrée. All dës Gemenge goufen 1977 an d'Stad Léck am Kader vun der Gemengefusioun integréiert. QuartierenGeschicht
Légion d'honneurDe 7. August 1914 krut Léck déi franséisch Dekoratioun Légion d'honneur. Citatioun: Ce splendide fait d'armes constitue, pour la Belgique et pour la ville de Liège en particulier, un titre impérissable de gloire dont il convient que le gouvernement de la République perpétue le souvenir mémorable en conférant à la ville de Liège la croix de la Légion d'honneur. KuckeswäertesLeit déi mat Léck ze dinn hunn
Kuckt ochUm Spaweck
|